Patisserie

Patisserie

Individuell

Ee Bijou fir z‘iessen!

„Das Auge isst bekanntlich mit“, an dofir leeë mir grousse Wäert op d`Fabrikatioun vun all eenzel Stéck Patisserie, fir dass och all eenzelt zu engem klenge Meeschterwierk gëtt. Op ee Stéck Sachertorte oder dach villäicht léiwer eng Vanillseclair – bei eis ass fir jiddereen eppes dobäi!

Produkte anzeigen

Entremet

Wien begéint Paräis.

Mir proposéieren Iech vun enger Originaler Wiener Sachertorte iwwert eng liicht Hammbiersmousse bis zum klasseschem Bond alles, wat de Gomm erfreet. Mir verschaffen nëmmen natierlech Produkter, beschte Vanill souwéi lëtzebuergesche Botter, well zum Schluss ass de Gôut dat eenzegt, wat zielt!

Produkte anzeigen

Taart an Tärtecher

Ee Stéck Taart beim Kaffi? Majo, gären!

Saisonalitéit ass eis ganz wichteg. Fir eis Taarte verschaffe mir nëmme saisonal Produiten, well nëmmen zeideg schmaachen eis Friichten an Uebst am beschten.

Esou ass all Maufel eng Sënn wäert!

Produkte anzeigen

Cakes

De Klassiker de bei kengem Besuch feelen däerf!

Eis Kuche gi mat ganz vill Léift no den ale Rezepturen a mat der beschter Matière premiere hiergestallt. Orange-, Schockela- oder Marmerkuch, bei eis fannt Dir déi gréisste Klassiker.

Produkte anzeigen